Vollzäit (40 Stonne/Woch) oder Deelzäit (z. B. Weekends / Feierdeeg) / CDD mat Méiglechkeet op Verlängerung oder Freelance
Wëssenschaftsvermëttler/in
De Science Center zu Déifferdeng ass en Zentrum vun der Entdeckung, Wëssenschaft, Technologie a de Beruffer fir de Publikum a fir jonk Leit.
Mat 65 000 zefriddene Visiteure d‘lescht Joer a nach méi dëst Joer, musse mir eist Team verstärken a weider opbauen.
MISSIONS
Duerfir siche mir wëssenschaftlech an technologie-orientéiert Mataarbechter, déi als Wëssenschaftsvermëttler verantwortlech si fir:
- D‘Begleedung vun de Visiteuren an eiser Exploratioun
- Den Accueil an d‘Begleedung vu Schoulgruppen
- De Kontakt an Explikatiounen un eis Visiteuren
- D‘Animatioun vu Showen / Workshops
- Iwwerleeëungen an Opbau vun neie Showen, Contenu an interaktive Statiounen
- D‘Organisatioun vun Evenementer
PROFIL
Néideg Qualifikatioune sinn:
- Innovatiivt Denken
- Gutt Interaktioun mat dem Publikum
- Staarken Interessi a folgenden Domainer : Physik, Chimie, Mathematik, Biologie, Informatik, Astronomie, Ingenieurswiesen
- Oppen a kommunikativ
- Grouss Flexibilitéit an de Schaffzäiten
- Sproochkenntnisser: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch