Direkt zum Inhalt

Science Comic Exhibition #LuxPlorations

Erkundungen

Published 17.04.2024

Vum 2. Juni – 30. September 2021, präsentéiert de #LuxembourgScienceCenter eng Expositioun vu „Science Comics“ déi vun Doktorande aus der #UniversityOfLuxembourg developpéiert gi sinn.

Visiteuren kënne bei eis d’Comics op verschidde Sproochen entdecken, hire Feedback ginn, an esouguer eng Kopie a Form vun engem Buch mat heem huelen fir se do mat Frënn an Famill ze deelen. “LUX:plorations Vol. 1 - A Universe of Research"

D’Comics, sinn ënner anerem vun 23 Doktorande·innen vun der Universitéit Lëtzebuerg (Uni.lu), a Collaboratioun mat professionellen Artisten·innen aus Lëtzebuerg developpéiert ginn.
 

Mat dësen Comics, hunn si eng flott Manéier fonnt fir iwwer Wëssenschaften ze schwätzen, fir ze weisen wat Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg genau maachen, a wéi Wëssenschaft an eisem Alldag benotzt gëtt. Dës Comic Produktioun ass ënnert der Direktioun vum DESCOM Projet realiséiert ginn.

#DESCOM - Doctoral Education in Science Communication huet sech als Ziel gesat, d’Interaktioun tëschent der Uni an der Ëffentlechkeet ze ënnerstëtzen, andeems se verschidde Formatiounen an der Wëssenschafts-Kommunikatioun proposéiert. D'Produktioun vun de Comics ass ënnerstëtzt ginn vun der Doctoral School in Science and Engineering (#DSSE), d'Faculty of Science, Technology and Medicine (#FSTM) an de Fonds National de la Recherche, Luxembourg (#FNR).

Mei Infoe: https://sciencecomics.uni.lu/

Planen Sie Ihre Erkundung!

Wenn Sie auf unserer Website surfen, akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies.