Direkt zum Inhalt

DESCOM - Science Comic Exhibition

Projekte

Published 23.04.2024

Vum 19 Oktober – 30 November 2020, präsentéiert de Luxembourg Science Center eng Expositioun vu „Science Comics“ déi vun Doktorand·Innen aus der University of Luxembourg developpéiert gi sinn.

Visiteuren kënne bei eis d’Comics op verschidde Sproochen entdecken, hire Feedback ginn, an esouguer eng Kopie a Form vun engem Buch mat heem huelen fir se do mat Frënn an Famill ze deelen.

 

D’Comics, si vun 22 Doktorand·Innen vun der Universitéit Lëtzebuerg (Uni.lu), a Collaboratioun mat professionellen Artisten·innen aus Frankräich developpéiert ginn. Déi jonk Wëssenschaftler·innen studéieren verschidde Wëssenschaftlech Themen an der #DSSE - Doctoral School in Science and Engineering.

Mat dësen Comics, hunn si eng flott Manéier fonnt fir iwwer Wëssenschaften ze schwätzen, fir ze weisen wat Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg genau maachen, a wéi Wëssenschaft an eisem Alldag benotzt ka ginn. Dës Comic Produktioun ass ënnert der Direktioun vum Bruno Teheux realiséiert ginn, ee Mathematiker aus der Uni.lu, mat der hëllef vun der DESCOM an der DSSE.

 

#DESCOM - Doctoral Education in Science Communication huet sech als Ziel gesat, d’Interaktioun tëschent der Uni an der Ëffentlechkeet ze ënnerstëtzen, andeems se verschidde Formatiounen an der Wëssenschafts-Kommunikatioun proposéiert. Mat der Ënnerstëtzung vum Fonds National de la Recherche, Luxembourg (FNR) an der DSSE huet dëse Projet 2018 ugefaangen.

Planen Sie Ihre Erkundung!

Wenn Sie auf unserer Website surfen, akzeptieren Sie die Verwendung von Cookies.