Médiateur Scientifique (m/f)
De Science Center zu Déifferdeng ass en Zentrum vun der Entdeckung, Wëssenschaft, Technologie a Beruffer fir déi jonk Leit an den Allgemengpublikum. Fir eist Team ze verstärke siche mer wëssenschaftlech Mediateuren fir :
- Den Accueil a Begleedung vu Schoulgruppen an der permanenter Ausstellung
- Animatioun vu Shows / Workshops
- Organisatioun vun Events a Verwaltung vu Mediatiounsprojete
Néideg Qualifikatiounen
- Gudd Interaktioun mat engem jonke Publikum
- Staarken Interesse an de folgenden Domainer: Physik, Chimie, Mathematik, Biologie, Informatik, Astronomie, Ingenieur
- Oppen a kommunikativ sinn
- Flexibilitéit an de Schaffzäiten
- Sproochkenntnisser: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch
Aarbeschtskonditiounen
- Vollzäit (40h/Woch) oder Deelzäit (Weekends / Feierdeeg)
- CDD mat Méiglechkeet op Verlängerung oder Freelance
CV an lettre de motivation sin ze adresséieren un jobs@science-center.lu

