Chargé(e) fir de Marketing (m/f)
De Science Center zu Déifferdeng ass en Zentrum vun der Entdeckung, Wëssenschaft, Technologie a Beruffer fir déi jonk Leit an den Allgemengpublikum. Fir eist Team ze verstärke siche mer en Chargé(e) fir de Marketing :
- Developpement vun enger neier Clientèle duerch gezielt kommerziell Aktiounen.
- Actif Prospektioun bei Responsabele vun enger Entreprise, Schoulen, Club’s an Associatiounen.
- Planifikatioun an Organisatioun vu Gruppevisiten.
- Participatioun un der Konzeptioun, der Organisatioun an der Exekutioun vun Events.
- Gestioun vun de sozialen Netzwierker an Aktualisatioun vun der Website vum Luxembourg Science Center.
- Kreatioun an Diffusioun vu verschiddene Kommunikatiouns Supporten.
Néideg Qualifikatiounen
- Dir hutt eng bewisen Experienz vu mindestens 5 Joer an enger änlecher Funktioun.
- Dir hutt e gudde Geschäftssënn a sidd Expert a mëndlech a schrëftlecher Kommunikatioun
- Dir sidd super Stressresistent an hutt e gutt Duerchsetzungsverméigen.
- Dir huelt Responsabilitéiten a kënnt autonom schaffen.
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Englesch, Däitsch a Franséisch, all aner Sprooch ass vu Virdeel.
Aarbeschtskonditiounen
- Vollzäit (40h/Woch)
- CDD mat Méiglechkeet op Verlängerung
- Salaire gëtt nom Profil définéiert
CV an lettre de motivation sin ze adresséieren un jobs@science-center.lu

